D’YEP! Schoulfoire
Evénements / Salons / 21.04.2024 - 24.04.2024
D’YEP! Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.
D'Landwirtschaftskammer ass present um gemeinsame Stand vun de 4 Beruffskummeren an der Hal 9. Et ass déi perfekt Geleeënheet wann dir Froen hutt iwwert Formatiounen an de grénge Beruffer.
Méi Informatioune fann dir um Site https://schoulfoire.lu/.
Lieu :
Luxexpo
Date :
21.04.2024 - 24.04.2024
Heure :
14:00 - 17:00
Langue :
Luxembourgeois