Highlight event

D’YEP! Schoulfoire

Events / Messen / 21.04.2024 - 24.04.2024

D’YEP! Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

 

D'Landwirtschaftskammer ass present um gemeinsame Stand vun de 4 Beruffskummeren an der Hal 9. Et ass déi perfekt Geleeënheet wann dir Froen hutt iwwert Formatiounen an de grénge Beruffer. 

 

Méi Informatioune fann dir um Site https://schoulfoire.lu/.

 

Ort :

Luxexpo

Datum :

21.04.2024 - 24.04.2024

Uhrzeit :

14:00 - 17:00

Sprache :

Luxemburgisch

Event drucken

Event teilen