hearts-4678021_1280 (1)

Är Landwirtschaftskammer wënscht schéi Feierdeeg

Mitteilungen /
Publiziert 20 Dezember 2023

Léif Membere vun der Landwirtschaftskammer,

a scho ass et erëm sou wäit: d’Joer 2023 dréint seng lescht Ronnen. E weidert Joer mat komesche Wiederverhältnesser läit hannerun eis. Egal ob Bauer, Wënzer oder Gäertner, all hu mer missen noenee mat dem naasse Fréijoer, engem dréchene Summerufank an dono erëm engem naassen Hierscht eens gi. Dem Wieder ‚ein Schnippchen zu schlagen‘, gëtt ëmmer méi zum Geheimnis vum Beruff! Dobäi kommen d’Kapriolen vun de Mäert an net zulescht och déi vun der grousser Politik. Méi wie jee kënnt et op beschtméiglech Entscheedungen am Betribsalldag un.

Och national erliewe mer mam Regierungswiessel e klore Revirement an der agrarpolitescher Atmosphär. No den éischte Kontakter mat eisem Ministère kënnemer just feststellen: et gëtt gutt Grënn, optimistesch ze sinn…

Intern an eiser Beruffskammer free mer eis doriwwer, an noer Zukunft eng Entscheedung fir d’Neibesetzung vun der Direktioun kënnen ze huelen. Domat misste mer erëm voll operationell ginn an déi nächst Defie mat Schwonk kënnen ugoen.

Matt Schwonk geet et och op d’Wale fir déi nei Plenière an eiser Beruffsvertriedung lass. No 10 Joer hutt dier am Fréijoer 2024 erëm d’Wuert firär Vertrieder fir déi nächst 5 Joer ze wielen. Um Enn vum lafende beruffspoliteschem Mandat seet de Comité an d‘Plenière sortant iech villmools Merci fir äert Vertrauen!

Matt der Hoffnung, dass dat neit Joer 2024 eis net am Stach léisst, wënsche mer Iech all schéi Feierdeeg, Gléck a Freed an ärer Famill, vill Energie a Succès bei der Aarbecht an eis all en optimistesche Bléck op dat wat kënnt!

Guy Feyder

President

Artikel drucken

Artikel teilen