Produzente fir Wëllplanzesom Lëtzebuerg gesicht
/
Publiziert 17 Juli 2026
Produzente fir Wëllplanzesom Lëtzebuerg gesicht
Hutt Dir Loscht op eng nei Erausfuerderung a sidd oppe fir Wëllplanzen unzebauen?
D'Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Genossenschaft sicht nei landwirtschaftlech oder gaardebaulech Betriber, déi sech un der Produktioun vu gebittseegenem Wëllplanzesom bedeelege wëllen.
D'Nofro an de Bedarf no Wëllplanzegeseems aus zertifizéiertem regionalem Ubau aus Lëtzebuerg klëmmt kontinuéierlech. Op den insgesamt ronn 17 Hektar vun den 12 Membere vun der Genossenschaft ginn aktuell 80 Wëllplanzenaarten produzéiert. Am Joer gëtt dobäi schonn eng gutt Tonn Geseems produzéiert, gebraucht gëtt awer vill méi.
Wou ginn d’LUX-Mëschungen agesat?
D’Mëschunge aus Geseems vun heemesche Wëllblummen a -grieser aus zertifizéiertem regionalem Ubau ginn bei ville Projeten an Initiativen agesat. Si si wichteg fir eis eenheemesch Aartevillfalt ze erhalen a Bestëbser ze fërderen. Doriwwer eraus bestinn eng Rei Fërderprogrammer an aner Ureizer, déi de Benotzer zousätzlech encouragéiert.
De „Naturpakt“ ass ee vun dësen Ureizer. Et handelt sech dobäi em en staatlecht Instrument, duerch dat d’Gemenge honoréiert ginn, wa si Moossname wéi d’Uleeë vu Blummewise mat gebittseegenem, regional produzéiertem Geseems ëmsetzen. Natierlech ginn d’Wëllplanzesom-Mëschungen och an der Landwirtschaft benotzt: fir d’Uleeë vu Bontbroochen a Bléisträifen. Sou eng Bléifläch kann z. B. am Kader vun de Biodiversitéitsprogrammer ugeluescht ginn. Och fir d’ Renaturéierung vun aarteräiche Wisen gëtt Wëllplanzegeseems gebraucht.
Wéi funktionéiert den Ubau?
D'Ausgangsmaterial vun den heemesche Wëllplanzen gëtt an de verschiddene Naturraim vu Lëtzebuerg gesammelt an no ökologesche Krittären op landwirtschaftleche Flächen ugebaut (et muss een awer keen bio-zertifizéierte Betrib sinn). Fir d’Uleeë vun dëse Kulture ginn an der Reegel Jongplanzen a Reie geplanzt. Dës ginn duerno maschinell, z. B. mat enger Fangerhack oder enger Reiefräs, propper gehal a jee no Kultur am Summer mat engem Mädrescher, engem Schneidlader oder aner Maschinne recoltéiert. D’Botze vun der Recolte an d’Zesummestelle vun de Mëschungen iwwerhëlt d’Firma Rieger-Hofmann.
Wat bréngt den Ubau vu Wëllplanzen fir mech als Betrib?
Vun de bont bléiende Wëllplanzefelder profitéiere nieft de Passanten an dem Bewirtschafter och sëlleg Bestëbser wéi Päiperleken a Beien. Als Produzent vu Wëllplanzegeseems dréit een domat aktiv zum Erhalen vun der Aartevillfalt an eiser Kulturlandschaft bäi.
De Wëllplanzenubau bitt awer och d'Méiglechkeet en weidert, wirtschaftlecht Standbeen opzebauen. D’Wëllplanzegeseems ass héich dotéiert an zousätzlech gëtt den Ubau vu wëlle Planzen – virun allem wéinst der Fërderung vun de Bestëbser – am Kader vun engem Biodiversitéitsprogramm finanziell ënnerstëtzt. Donieft profitéieren d'Betriber och vun dem Bereetstelle vun de Spezialmaschinnen duerch d’Genossenschaft an enger fachlecher Begleedung duerch d’Naturschutzsyndikat SICONA, deen de Wëllplanzesom Lëtzebuerg am Optrag vum Ëmweltministère koordinéiert.
Interesséiert un der Produktioun vu gebittseegenem Wëllplanzesom? Da mellt Iech op follgender Platz!
Kontakt: Patrick Espen
26 30 36 53 / 621 652 732
[email protected]
[email protected]
Méi Informatiounen fannt Dir op wellplanzen.lu.